FJD presents: Business Bistro

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

FJD presents: Business Bistro

Latest episodes

S3#1 - Benji Kontz

S3#1 - Benji Kontz

80m 23s

D'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie.

Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser em d’Fro: kenne mir bleiwe wat mir sinn.
An dëst probéiere mir natierlech och an de Podcast afléissen ze loossen. Mir fänken d’Saison un mat enger Persoun déi sech sot – nee mir...

S2#9 - Catherine Wurth

S2#9 - Catherine Wurth

66m 39s

Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”.
Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Economie Sociale. Hatt ass haut Directrice Adjointe vu Co-Labor. Wat Co-Labor ass, wei säin Alldag changéiert huet, firwat hatt wollt eppes ganz Neies maachen, wat seng Kanner dovun haale a wat Stol mat deem ganzen ze dinn...

S2#8 - Claude Wagner

S2#8 - Claude Wagner

98m 26s

D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner.
Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge.
Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et mécht fir iwwer 1100 Léit ze managen an trotzdeem nach bal all Mënsch mam Numm ze kennen. Mir schwätzen awer och iwwert dem Claude seng Passioun fir Ultratrails a wéini...

S2#7 - Luc Frieden

S2#7 - Luc Frieden

78m 32s

Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden.
De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween...