S2#7 - Luc Frieden

Show notes

Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vun der Politik. Natierlech hu mir et eis awer och net huele gelooss fir bësse mei locker Themen unzeschwätzen a wann dir wësse wëllt wat dem M. Frieden seng kleng Caprice sinn, wei eng kleng Saachen hie frou maachen oder ween hien an eng Rees an de Weltall mathuele géing, da lauschtert eran.

Am Intro Deel – schwätzen de Georges an d’Carole des Kéier net iwwer Statistike mee iwwer Iechternach, wei een ee Kaweechelchen ob Iechternachech nennt an iwwert hir Lecture vum Summer. Vill Spaass a schéine Summer iech all.

**Book Tip 1: **Jonathan Haidt - The anxious generation (Generation Angst) https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9781802063271/Haidt-Jonathan/The-Anxious-Generation

**Book Tip 2: **Olson Parmy - Supremacy https://www.ernster.com/en/detail/ISBN-9781035038244/Olson-Parmy/Supremacy?bpmctrl=bpmrownr.1%7Cforeign.245423-1-0-0

**Book Tip 3: **David Robert Grimes - The irrational Ape

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.