FJD presents: Business Bistro

D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.

FJD presents: Business Bistro

Latest episodes

FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan

FJD Business Bistro S3#8 - Xin Yuan

95m 11s

Xin Yuan
Hannert d’Kulisse vun Amazon Lëtzebuerg
Dëse Mount gëtt et ganz international beim FJD Business Bistro. Mir sinn immens frou d’Xin Yuan ob Besuch ze hunn – eent vun em déi 50 rare Lëtzebuerger déi bei Amazon zu Lëtzebuerg schaffen. Hatt ass Category Leader an gëtt eis een exklusive Bléck hannert d’Kulisse vum gréissten Employeur vum Kierchbierg. Wann Dir also wësse wëllt firwat PowerPoints out sinn oder awer firwat et an den eischten 10 Minutte vun engem internen Amazon Meeting ëmmer ganz roueg ass – da lauschtert eran.

Am Ufanks Catch-Up bleiwe mer international an mir schwätzen iwwer 2...

S3#7 - Maxim Straus

S3#7 - Maxim Straus

93m 59s

Maxim Straus
Straus oder Strauss – that’s the question.

Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum schwätzen a wat dëst eigentlech ausmëscht. Als smoothen Iwwergang fir bei eise Gaascht verréit de Georges eis och nach, waat hie fir d’lescht online kaf huet a wou.

Zu Gaascht ass an dëser Episod de...

S3#6 - Caroline Mart

S3#6 - Caroline Mart

91m 7s

Caroline Mart
Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn?
An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte Secteur, doriwwer firwat d’Politik fir si ni ee Reiz hat, wéi d’Zukunft vun de Medien a Journalismus ass an awer och wat hir Zukunftspleng sinn – an där huet si der nach vill. Roueg wäert...

S3#5 - Alexa Ballmann

S3#5 - Alexa Ballmann

86m 55s

Alexa Ballmann
Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch.

Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet? 

An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi ee vum “Garçon manqué” zur Cheffin vun zwee Schéinheetsinstituter gëtt, a firwat Entreprenariat heiansdo manner Glamour an éischter méi Excel ass - trotz gëllenen Tapéiten.

Natierlech kucke mir och op hir vill aner Engagementer, op Visibilitéit, Kritik, an ob eng gewësse Expositioun engem Business hëlleft......