#6 - Marc Thein (Socom)
Show notes
Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam Marc iwwert seng Aventuren an der éischter Lëtzebuerger Photovoltaik-Produktiounsfirma, doriwwer wei een op d’Iddi kënnt sech mat esou eppes als Konkurrenz zu den asiatesche Produiten ze lancéieren, mä och iwwert dem Marc seng vill Hobbyen a Passiounen déi vu Sport, iwwert kachen an engem eegene Wäibuttek alles couvréieren. Virdru gëtt et e Comptoirsgespréich an d’Statistike vum Energieverbrauch beim Normalnotzer, sou wéi déi eng oder aner, méi oder manner interessant Lavomat-Experienze vum Georges oder Carole.
Lauschtert eran a genéisst!
New comment