S2#6 - Anne Kaiffer
Show notes
1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. An dat ass et och. De Georges an d’Carole lancéieren den Episod an deem's si iwwert dem Georges seng Rees ob Istanbul schwätzen, d’Türkei, d’Business Mentalitéit, der Türkei hire gréisste Start Up Succès an natierlech och iwwer Kebab an Döner. Dëst als smoothen Iwwergang zu hirem Gaascht : dem Anne Kaiffer: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also. Mir schwätzen iwwert de Fleeschkonsum zu Lëtzebuerg, d’Kafverhale vun de Léit, firwat d’Léit mei Wëllschwäi Carpaccio iesse sollen an awer och firwat mir d’Staat rëm mei gréng maache solle. Ganz spannend Episod- lauschtert eran.
New comment