S2#4 - Jean-Paul Olinger
Show notes
Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi… dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot. Leider ass den Intro an Outro wéinst technesche Problemer net opgeholl ginn dohier muss dir des Kéier ob déi normal Statistiken, Gossip an dem Carole seng Meenung zum Katy Perry sengem Weltall Ausfluch verzichten. Mee keng Angscht - d'Haaptepisod huet et och a sech. D'Carole an de Georges hunn de Jean-Paul Olinger op Besuch an zesumme schwätzen si iwwer dem Jean-Paul säi Challenge fir d'Lëtzebuerger Steierverwaltung bis 2028 ze digitaliséieren. Mir gi gewuer firwat een sou ee Challenge unhellt a wei een dat ugeet. Et geet awer och iwwer Kultur an dëser Episod a mir gi gewuer wéini d'Steierverwaltung hir éischte BeachParty "AED Plage" organiséiert. Wann dir dann och nach wësse wëllt wéini de Georges an d'Carole dann normalerweis hir Steiererklärungen era ginn - da lauschter eran.
New comment